top of page

Hei sinn d'Farthill's
Merci dass du hei bass...
Dir ass sécher opgefall, dass hei irgendeppes komesch ass... ma hei ass d'Erklärung.
Mir hunn nach zimlech vill Sachen vum Noémie. Verschidde Sachen hu mir dem Marie och scho selwer kaaf, anerer hu mir Second-Hand kritt. Mir wollten dofir net irgendwou extra eng Lëscht machen an eis op ee Geschäft fixéieren. Een einfachen Kont ugin, wou d'Leit Suen iwwerweisen, war eis dann awer och ze langweileg.
Aus dem Grond hu mir eis fir bëssen eng aner Variant vu "Lëscht" entscheed.
Mir hunn hei um Site eng Art "Shop" erstallt, wou mir alleguer déi Sachen dran setzen déi mir wëllen kaafen oder eventuel scho kaaf hunn a wou dann och de Präis dobei steet. Aus deenen Sachen kann jidereen sëch eppes rausichen an huet dann 2 Méiglechkeeten fir ze bezuelen:
1. Credit/Debit Card: Visa wéi an all normalem Shop um Internet
2. Digicash: an deem Fall muss du "manuel payment" nom checkout auswielen, an eis dann einfach een Digicash op déi Nummer machen déi do steet. Den Digicash muss du selwer machen, dee gëtt net iwwert de Site gemach.
​
Och wann dat do steet, kriss du den Artikel net geliwwert, mee mir këmmen eis ëm de ganzen Rescht. Mir brauchen deng Adress just fir ze wëssen, wouhiner mir de Remerciement solle schécken.
​
Soubal den Artikel dann bezuelt ass, kriss du eng Bestätegungsemail.
​
Wann irgendeppes onkloer sollt sinn, kanns du dech einfach bei engem vun eis mellen.
​
Wann direkt nach naicht dobei ass wats du wëlls kaafen, kanns du roueg vun Zeit zu Zeit op de Site kuken kommen, mir wäerten ëmmer rem Saachen an de Shop setzen.
Klick heihinner fir direkt an de Shop ze kommen.
Mir soen dir elo scho villmols Merci.
​
Anne, Adri, Noémie a Marie
bottom of page